Lëtzbuerger Musek säit dem 2. Weltkrich

An dësem Virtrag gëtt d’Museksliewen zu Lëtzebuerg säit dem Zweete Weltkrich behandelt, den Opschwong vun der Amateurmusik an der kuerz dono, an d’Community Music an eisem haitege Medienzäitalter. Déi folgend Aspekter stinn am Mëttelpunkt: D’”Gläichschaltung” vum Museks- a Kulturliewe während der nationalsozialistischer Besatzungszäit unhand vum Beispill vun der Dikrecher Philharmonie. Heiru gëtt kloer, dass déi un der Muecht sech dacks ouni Erfolleg ëm d’Gonscht vun der musizéierender Bevëlkerung beméit hunn a mat wéi engen drastesche Mëttelen si Veräiner begéint sinn, déi net noginn hunn. Am... Mehr ...

Verfasser: Sagrillo, Damien François
Dokumenttyp: lecture
Erscheinungsdatum: 2020
Schlagwörter: Music in Luxembourg / Cultural History / Sociology of Music / Arts & humanities / Performing arts / Arts & sciences humaines / Arts du spectacle
Sprache: Luxembourgish
Permalink: https://search.fid-benelux.de/Record/base-27133685
Datenquelle: BASE; Originalkatalog
Powered By: BASE
Link(s) : https://orbilu.uni.lu/handle/10993/44788

An dësem Virtrag gëtt d’Museksliewen zu Lëtzebuerg säit dem Zweete Weltkrich behandelt, den Opschwong vun der Amateurmusik an der kuerz dono, an d’Community Music an eisem haitege Medienzäitalter. Déi folgend Aspekter stinn am Mëttelpunkt: D’”Gläichschaltung” vum Museks- a Kulturliewe während der nationalsozialistischer Besatzungszäit unhand vum Beispill vun der Dikrecher Philharmonie. Heiru gëtt kloer, dass déi un der Muecht sech dacks ouni Erfolleg ëm d’Gonscht vun der musizéierender Bevëlkerung beméit hunn a mat wéi engen drastesche Mëttelen si Veräiner begéint sinn, déi net noginn hunn. Am musekssoziologeschen Deel vun der Konferenz gëtt d’Museksveräinsliewen nom Zweete Weltkrich thematiséiert. Den Neiufank no de Krichsjoren huet de Veräiner eng nei Beléiftheet bruecht, déi souguer déi aus der Grënnungszäit iwwertraff huet. Dozou koum, dass d’Aarbechter aus den Industriegebidder am Süde vum Land an de Museken an de Chéier en intellektuellen Ausgläich zu hirer kierperlecher Aarbecht fonnt hunn. De kënschtlereschen Niveau vun de verschiddene Gesellschafte gouf zu engem iwwerregionale Virbild. D’Enn vun der Stolindustrie an den 1980er Jore war och d’Enn vu ville Museksgesellschaften, wéi zum Beispill der Déifferdenger Harmonie Municipale ënnert der Direktioun vum Asca Rampini. Säitdeem huet sech d’Museksliewen ëmmer méi dezentraliséiert. Et gouf versicht, des batter Erfarung mat enger prononcéierter musikalescher Bildung wettzemaachen, wat dozou gefouert huet, dass souguer an den entleeënsten Ecke vum Land Musekscoursen ugebuede goufen. Des Entwécklung huet eng Dezentraliséierung vum ganze Kulturliewen zu Lëtzebuerg matsechbruecht, e weideren Aspekt, deen dëse Virtrag behandele wäert.